Mamer

Newsletter Januar 2023

Hei kënnt Dir duerch ons rezent Newsletter bliederen a se eroflueden. Hei drënner fannt Dir d’Aleedung.

Léif Mamer Biergerinnen a Bierger,


Op dësem Joresufank wënschen ech Iech am Numm vun der DP Mamer alles erdenklech Guddes fir 2023. Dëst Joer wäert e politesch ganz beweegt ginn, mat direkt zwee Wal-Rendezvousen: Engem kommunalen den 11. Juni an engem nationalen den 8. Oktober. All Wielerin a Wieler ass gefuerdert, fir mat ze decidéieren, wien an Zukunft déi politesch Responsabilitéiten an onsem Land an an Ärer Gemeng iwwerhëlt.

D’DP Mamer trëtt un, fir eis schéi Gemeng méi innovativ ze maachen. Innovativ, fir dass se Iech ka besser déngen. Innovativ, fir de sozialen Zesummenhalt ze stäerken. Innovativ, fir jidderengem z’erlaben, mat um Wee an d’Zukunft ze schaffen. Innovativ, fir dass mer zesummen déi Erausfuerderunge kënne meeschteren, deene mir entgéint kucken an déi schonn deels do sinn.

Ech denken do un de Logement, un d’Mobilitéit, un den Ëmwelt- a Klimaschutz, awer och un d’Attraktivitéit vun eiser Gemeng fir nei Biergerinnen a Bierger an nei Betriber.

D’DP Mamer steet fir eng konstruktiv Politik, och iwwer d’Parteigrenzen ewech. D’DP Mamer, dat ass eng Ekipp vun engagéierten an erfuerene Leit, déi sech och baussent der Politik fir d’Mënschen asetzen. D’Kandidaten an de Programm vun der DP Mamer kënnt dir op onser neier Websäit kenne léieren (mamer.dp.lu). Am léifste komme mir natierlech direkt mat iech an d’Gespréich, dofir zéckt net, fir ons unzeschwätzen.

Mir si prett, fir méi Verantwortung an der Gemeng z’iwwerhuelen!

Merci fir Äert Vertrauen.

Sven Bindels, Gemengeconseiller a President vun der DP Mamer

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp