Mamer

Eng dynamesch Sektioun voller Iddien

E flotten Owend mat ville Gäscht, inspiréierende Rieden a kreativen Iddie fir Mamer: Dat war d’Generalversammlung vun der DP Gemeng Mamer, déi den 9. Februar 2024 am Centre Culturel zu Holzem iwwer d’Bün goung.

weiderliesen...

D’DP Gemeng Mamer fuerdert e Service de proximité fir eis eeler Matbierger

Wee raumt de Schnéi viru mengem Haus? Wee ka mir hëllefen, mäi Gaart ze botzen? Ech hu Luuchten ze ersetzen oder e bësse méi schwéier Saachen ze droen, wee ruffen ech un?

Besonnesch fir eeler an dependent Leit ass et oft schwéier fir schnell Hëllef ze kréie fir kleng Aarbechten am Stot. Dofir fuerdert d’DP Gemeng Mamer e Service de proximité fir eis eeler an dependent Matbierger, wéi et en och schonns an anere Gemenge gëtt.

weiderliesen...

De neie Gemengerot ass vereedegt!

Den 3. Juli 2023 ass de Gemengerot vu Mamer, deen aus de Gemengewale vum 11. Juni 2023 ervir gaangen ass, zu senger éischter Sëtzung zesumme komm. Virdru sinn d’Membere vum neie Gemengerot feierlech vereedegt ginn, dorënner d’DP-Conseilleren Jessica Klopp a Sven Bindels. D’DP konnt bei de Gemengewalen e Sëtz dobäi gewannen, vun engem op zwee. D’Jessica ass fir d’éischte Kéier Member vum Gemengerot, de Sven hat schonns 2017 e Mandat krut.

weiderliesen...

Eng dynamesch Sektioun voller Iddien

E flotten Owend mat ville Gäscht, inspiréierende Rieden a kreativen Iddie fir Mamer: Dat war d’Generalversammlung vun der DP Gemeng Mamer, déi den 9. Februar 2024 am Centre Culturel zu Holzem iwwer d’Bün goung.

weiderliesen...

D’DP Gemeng Mamer fuerdert e Service de proximité fir eis eeler Matbierger

Wee raumt de Schnéi viru mengem Haus? Wee ka mir hëllefen, mäi Gaart ze botzen? Ech hu Luuchten ze ersetzen oder e bësse méi schwéier Saachen ze droen, wee ruffen ech un?

Besonnesch fir eeler an dependent Leit ass et oft schwéier fir schnell Hëllef ze kréie fir kleng Aarbechten am Stot. Dofir fuerdert d’DP Gemeng Mamer e Service de proximité fir eis eeler an dependent Matbierger, wéi et en och schonns an anere Gemenge gëtt.

weiderliesen...

Eng dynamesch Sektioun voller Iddien

E flotten Owend mat ville Gäscht, inspiréierende Rieden a kreativen Iddie fir Mamer: Dat war d’Generalversammlung vun der DP Gemeng Mamer, déi den 9. Februar 2024 am Centre Culturel zu Holzem iwwer d’Bün goung.

weiderliesen...

Eis Memberen am Gemengerot

Sven Bindels

De Sven Bindels huet 43 Joer a wunnt mat senger Fra a sengen zwee klenge Kanner zu Mamer.

De Sven schafft bei Post Technologies an ass do zoustänneg fir d’Koordinatioun an d’Iwwerwaachen vun de Glasfaserchantieren.

No sengem gudde Resultat bei de Landeswalen 2013 (6. Gewielten) ass hien 2015 President vun der Sektioun Mamer ginn a konnt 2017 an de Gemengerot anzéien. Aus de Gemengewalen 2023 ass hien als Eischtgewielten op der DP Lëscht erausgaangen.

De Sven bléckt op en laang Carrière als Fussballsarbitter zréck a lieft och privat seng Passioun fir de Sport.

Als Gemengerot a President vun der DP-Sektioun Gemeng Mamer setzt hien sech fir eng éierlech, biergerno an innovativ Gemengepolitik an.

Jessica Klopp

Engagéiert, determinéiert an ëmmer positiv agestallt : d’Jessica Klopp, 36, vu Mamer, ass e Mënsch, deen net gären doheem setzt, mee eng Hand mat upaakt, fir Saachen ëmzesetzen.

Der Léierin läit et ganz uewen, der Jugend eng méi staark Stëmm zu Mamer ze ginn, mee och an d’Zukunft vun de Kanner ze investéieren, ënner anerem och duerch d’Fërderung vum Natur- a Klimaschutz.

D’Jessica ass Member vun de kommunale Kommissioune fir Jugend a Schoul an a ville Veräiner engagéiert, zum Beispill an der „Harmonie Gemeng Mamer“. Politesch ass si scho ganz laang fir d’éischt bei de Jonke Liberalen an elo an der DP engagéiert.

D’Jessica ass Sekretärin vun der DP Gemeng Mamer a Vizepresidentin vum Regionalcomité Süden vun der Demokratescher Partei.

Aus de Gemengewale vum 11. Juni 2023 ass hat als Zweetgewielt op der Lëscht vun der DP Gemeng Mamer erausgaangen.

Eise Comité

De Comité vun der DP Mamer heescht Iech ganz häerzlech wëllkomm op dëser Websäit. Surft reegelméisseg hei laanscht fir déi neitsten Aktualitéiten.