Sie sind hier

Philippe Frising

De  Philippe Frising  huet  37 Joer, ass  bestuet  a  Papp  vun 2 Kanner. Mat senger Famill wunnt den Bannendekorateur  zu  Mamer .

 

A  senger  Fräizäit   reest hie gär a  spillt gär Tennis.

 

De Philippe huet eng besonnesch Passioun fir al Architektur a Fassaden, virun allem vir déi sizilianesch Baukultur.

 

 

 

De Philippe engagéiert sech an der Demokratesch Partei, well him Grondwäerter, wéi Fräiheet an Toleranz um Häerz leien an hie Verantwortung fir d'Zesummeliewe mat anere Bierger well iwwerhuelen. Dem Philippe geet et awer net duer, ze waarde bis en Dialog mam Bierger sech ergëtt. Hie well op d'Leit zougoen a gewuer gi wou de Schong dréckt, fir esou nei Impulser an der Gemengepolitik setzen ze kennen. De Philippe well fir all Bierger do sinn, egal wien hien ass oder vu wou hie kennt.

 

 

 

A senger Gemeng well de Philippe sech fir méi Sportsveräiner fir all Alterskategorien asetzen.

Och engagéiert sech de Philippe fir méi kleng Geschäfter op Mamer, Kapellen an Holzem ze kréien, fir de Leit et ze erméiglechen, an hirer Gemeng regional a nohalteg anzekafen.

 

Mamer soll erëm méi en attraktiven Duerfkär kréien.