Sie sind hier

Jean Reiles

De Jang Reiles huet 73 Joer a wunnt mat senger Fra zu Mamer.

Si hunn 2 Kanner an 2 Enkelkanner.

De Jang war 34 Joer Chimiesproff an der Chimiessektioun vum Lycée Technique du Centre. Haut genéisst hien als Professeur honoraire seng Pensioun.

A senger Fräizäit geet de Jang gäre spadséieren, mëscht Reesen an ass fir seng Kanner an Enkelkanner do, wann hie gebraucht gëtt.

De Jang ass zënter 1977 Member vun der DP Mamer an duerch säi Beruff och Member vun der Ëmweltkommissioun respektiv Nohaltegkeetskommissioun vun der Gemeng Mamer.